Carte Blanche Économique: D’Entrepreneure sinn d’Acteuren vum Changement !
24 Mai 2011
D’clc ass eng Employeurs- oder Arbeitgeber-Lobby, fir dat Wuert Patronat emol eng Kéier net ze gebrauchen. Hir Memberen, 58 Federatiounen a Groupementer aus Commerce, Transport, Déngschtleeschtung a Gesondheetssecteur mat hiren 11.000 Entreprisen a 60.000 Mataarbechter erwirtschaften 22% vun onsem nationalen PIB. An deene leschten 2 Joer hunn eleng 4 nei Federatiounen sech ons ugeschloss.
